Assurance Rabatteurs 2023-2024 :

22.09.2021

Un all eis Memberen – Juegdpiechter vun de neie Juegdlousen



Wéi schon an der Vergaangenheet proposéiert Iech de Juegdverband eng Zousazversécherung fir eis Kläpper, dëst natierlech fir all Juegdpiechter, deen och Member an der Federatioun ass. D’Konditioune fannt Dir op dem Formular Assurance Rabatteurs. Mir wäerten Iech deen och nach am Laf vum kommende Juegdjoer zouschécken.

Duerch déi nei Verpachtung vun den neie Juegdlousen ass et natierlech esou, datt d’Federatioun net méi weess, wie wou Juegdpiechter ass!

No Récksprooch mat der zoustänneger Verwaltung krute mir gesot, datt mer duerch den Dateschutz keng aktualiséiert Lëscht méi géife kréien.

Dës Lëscht wier awer wichteg, fir déi nei Juegdpiechter unzeschreiwen, fir datt och e Maximum vu Juegdpiechter ka vun eiser Zousazversécherung profitéieren.

Aus dësem Grond géife mir Iech bieden, eis folgend Infoen zoukommen ze loossen andeems Dir de Formular hei direkt online ausfëllt.






Aus Dateschutzgrënn ginn dës Informatioune just zu Mäerzeg aus bekannte Grënn archivéiert an net un Drëttpersoune weidergeleet!



Dieses Formular setzt Google reCAPTCHA voraus. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.

containedOfschéckensubmit