Organisation der Treibjagden in Zeiten von Covid-19/ Organisation des chasses en battue en période de Covid-19

23.12.2020

Am Unhang zu ärer Informatioun de Bréifwiessel, deen eisen Affekot mat deenen zoustännege Ministeren hat.

Trotz de Widderspréch an Onkloerheeten an den Äntwerten a Publikatioune vun de Ministèren an der Verwaltung, krute mir bis haut keng Äntwert ob eis Fro ob d’Klappjuegd erlaabt ass, wann se mat e puer Gruppe vu maximal 4 Leit, wann d’Leit aus deene verschiddene Gruppe kee Kontakt ënnereneen hunn, organiséiert gëtt.

Dobäi wier dës Fro einfach mat "jo" oder "nee" ze beäntwerte mee, wéi gesot, refuséieren d’Minister Dieschbourg an d’Verwaltung, trotz Relance, bis elo sech festzeleeën.

Deemno ass laut der Ëmweltministesch d’Klappjuegd verbueden, wat wuel och mat Hisiicht op d’Imputatioun vun dem esou verursaachte Wëldschued eng Roll spille wäert.